Esou géing d'Danielle Roster engem Kand hire Beruff erklären. Well hir Aarbecht besteet doranner erauszefannen, wat an den Archive läit, mee och ënner den Diecher oder an de Kellere vun de Leit u vergiesse Musek. Si wëllt Lücken opweisen. A genee dat huet si gemaach, wéi si d'Komponistinne Lou Koster an Helen Buchholtz erëmentdeckt huet.
Am Gespréich mam Marie Trussart verréit si ënner anerem wéi et dozou koum, datt si sech fir déi zwou Komponistinnen interesséiert huet. D'Danielle Roster bléckt zeréck op hir Kandheet zu Wolz, do wou alles ugefaangen huet: Am Mandonlinneveräin, dee vun hirem Papp geleet gouf. Si erënnert sech un hir Zäit am Conservatoire, wou si mam spuenesche Komponist a Gittarist Nicolas Alfonso studéiert huet an un dee Moment, wou si sech fir d'Wëssenschaft decidéiert huet. D'Danielle Roster gëtt en Iwwerbléck vum Feminismus an der Musek an hei am Land a verréit, wat si sech fir d'Zukunft vun der Musekswëssenschaft wënscht.
D'Playlist vun der Danielle Roster
- Nicolas Alfonso (1913-2001): Baile aus: Songs and Dances from Spain, Nicolas Alfonso (Gitar)
- Leone Leoni (1509-1590): Nigra Sum, Howard Arman (Dir.), Innsbrucker Bläserkreis, Salzburger Bachchor, Wiltener Sängerknaben
- Clara Schumann (1819-1896): Un poco agitato aus: Pièces fugitives, Op. 15, Konstanze Eickhorst
- Johann Sebastian Bach (1685-1750) : Omnes omnes Generationes aus: Magnificat, Philippe Herreweghe (Dir.), La Chapelle Royale, Collegium Vocale Gent
- Lou Koster (1889-1973) : Pfingsten war’s aus: Der Geiger von Echternach, Singer Pur
O bien aimée : Anaïs Bertrand, Robin Pharo,
- Tatsiana Zelianko (*1980) : Five Coloristic Miniatures